
Am Staddeel Brechten war op Hellegowend e Gaardenhaischen a Brand geroden. D’Feier sollt sech zimmlech séier op d’Haus donieft ausbreeden, an deem eng 87 Joer al Fra gewunnt huet. Si konnt zwar nach vun den Asazkräften aus de Flame gerett ginn, sollt awer wéineg spéider stierwen. En eelere Mann koum blesséiert an d’Spidol.
Dat äisegt Wieder sollt d’Pompjeeë bei hirer Aarbecht virun ongewinnte Problemer stellen. Wéinst der Keelt ass hinnen ëmmer rëm d’Waasser an de Schläich gefruer, déi um Buedem louchen. Dowéinst huet permanent an deene Beräicher musse gestreet ginn.