
Viru Kardineel, Bëscheef, Diplomaten an enge 6.000 Gleewegen huet hie seng reliéis Priedegt gehalen, ouni direkt op aktuell Theemen anzegoen. Chrëschtdag wier ee Fest “vum Glawen, vun der Léift a vun der Hoffnung”, sot de Poopst. Gläichzäiteg huet hien eng “verkéiert Wirtschaft” kritiséiert, déi “dozou verleet, Mënsche wéi Wuer ze behandelen.”
Virum Ufank vun der Mass ass de Poopst op d’Péitersplaz erauskomm, fir déi do versammelt Gleeweg ze begréissen. Obwuel et gereent huet, hate sech do eng 5.000 Mënsche versammelt, fir d’Zeremonie op Bildschiermer ze begleeden, well an der Basilika keng Plaz méi war. “De Péitersdoum ass immens grouss, mee leider net grouss genuch, fir se all opzehuelen”, sot de Leo XIV. de versammelte Leit op Englesch. “Ech bewonneren a respektéieren Iech a soen Iech Merci fir Äre Mutt an Äre Wonsch, de Owend hei ze sinn.”
D’Chrëschtmetten zelebréiert d’Gebuert vum Jesus Christus an ass ee vun de wichtegsten Deeg am Kalenner vun der kathoulescher Kierch. Chrëschtdag 2025 markéiert gläichzäiteg och d’Enn vum Hellege Joer, dat dëst Joer Millioune Pilger op Roum bruecht huet.
En Donneschdeg de Moie gëtt et dann nach eng Chrëschtdagsmass, ëm 12 Auer trëtt de Poopst dann op d’Loggia vum Péitersdoum, deelt säi Chrëschtdagsmessage mat a sprécht se Seegen “Urbi et Orbi"aus. Um zweete Chrëschtfeierdag hält de Poopst Leo dann nach d’Mëtteggebiet op der Péitersplaz.
Fir den 31. Dezember steet een Owesgebiet fir de Joresofschloss um Poopst sengem Programm. Op Neijoerschdag, dee gläichzäiteg de kathoulesche Weltfriddensdag ass, gëtt et dann nach eng Mass am Péitersdoum. De Robert Francis Prevost aus den USA hat am Mee d’Successioun vu sengem verstuerwene Virgänger François ugetrueden.