
Fir déi héisch Bandekriminalitéit am Land ze bekämpfen, huet de President vum El Salvador, den Nayib Bukele, 6.000 Zaldoten a Polizisten am Norde vum Land agesat. Nodeems hien e Méinden op der Plattform X, fréier Twitter genannt, matgedeelt hat, dass hie sech net berouege géif, bis dass all Bande sech opgeléist hätten, huet hien elo op verschiddene Plazen nërdlech vun der Haaptstad San Salvador Sécherheetspersonal an den Asaz bruecht.
Am Kader vu Banderivalitéiten tëscht der “Barrio 18 Sureños” an der Mara Salvatrucha (MS-13) waren an der Géigend viru kuerzem zwee Mënschen ermort ginn.
Well den El Salvador an de leschten dräi Joerzéngten eng vun den héchste Mord-Tauxe weltwäit hat, huet de President Nayib Bukele virun zwee Joer decidéiert, den Noutzoustand auszeruffen. Eleng wärend dem Biergerkrich, dee vun 1980 bis 1992 goung, si ronn 75.000 Mënschen ermort ginn.
Zanterdeem den Ausnamezoustand gëllt, sinn am El Salvador eng 76.000 Mënschen ouni riichterleche Beschloss festgeholl ginn. Dës Moossnamen an och d’Virwërf vu Folter an dem Dout vu Gefaangene gi vu Mënscherechtsorganisatioune schwéier kritiséiert. Dem Bukele seng Oppositioun reprochéiert him autoritär Tendenzen.
An der Populatioun ass den Nayib Bukele awer wéinst senge strenge Mesure beléift. D’Zuel vun den Homiciden am El Salvador ass den Ament um niddregste Stand zanter de leschten dräi Joerzéngten a läit mëttlerweil och ënnert dem weltwäiten Duerchschnëtt.