Krich an der UkrainPresident Selenskyj erwaart sech bis Mëttwoch russesch Äntwert op Friddensplang-Entworf

AFP, iwwersat vun RTL
Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj erwaart sech bis e Mëttwoch eng russesch Äntwert op de jéngsten Entworf vun engem 20-Punkte-Friddensplang, deen tëscht Washington a Kiew ausgehandelt ginn ass.
Der ukrainische Präsident Wolodymyr Selenskyj erwartet bis Mittwoch eine russische Antwort auf den jüngsten Entwurf eines zwischen Washington und Kiew vereinbarten 20-Punkte-Friedensplans zur Beendigung des Krieges in der Ukraine.
© AFP/Archiv

Den Entworf, mat deem de Krich an der Ukrain op en Enn bruecht soll ginn, géif den Ament nach vu Moskau iwwerpréift ginn. “Mir wäerten eng russesch Reaktioun kréien, nodeems d’Amerikaner mat hinne geschwat hunn”, esou de Selenskyj en Dënschdeg an enger Erklärung viru Journalisten. De Weekend hate Vertrieder vun den USA a vun der Ukrain a Florida iwwert een Enn vum russesche Krich an der Ukrain beroden.

Dem ukrainesche President no gesäit den aktuelle Plang e Stopp vun den Hostilitéiten un der aktueller Front vir. “D’Truppenopstellung zum Zäitpunkt vum Accord wäert de facto als Kontaktlinn unerkannt ginn”, huet de Selenskyj erkläert.

Ausserdeem soll de Plang ee Wee fräimaachen, fir e Réckzuch vun der Ukrain an d’Schafe vun enger entmilitariséierter Zon. “Een Aarbechtsgrupp wäert zesummekommen, fir d’Ëmverdeelung vun den Truppen ze bestëmmen, déi fir en Enn vum Konflikt néideg ass, an d’Parameter fir méiglech zukünfteg Sonnerwirtschaftszonë festzeleeën”, esou de Selenskyj.

D’USA hate viru ronn dräi Wochen e Plang fir en Enn vum russesche Krich an der Ukrain virgeluecht, deen a senger éischter Versioun Russland allerdéngs vill Zougeständnesser gemaach huet. Op Drock vun der Ukrain a vun den europäeschen Alliéierte gouf de Plang doropshin an enger Rei zentrale Punkten iwwerschafft.

Back to Top
CIM LOGO