
Et ass e PR-Debakel fir den US-President Donald Trump an dat kuerz virun de Kongresswalen: Seng nei Pressespriecherin Katie Zacharia muss no just knapp enger Woch am Amt nees goen. Den Trump sot e Freideg zu Washington, hien hätt der Zacharia geroden, de Verbleif op dem Posten "ze iwwerdenken". E Mataarbechter vum Wäissen Haus huet kuerz drop der AFP géintiwwer confirméiert, datt si net méi um Poste wier. Déi studéiert Juristin war wéinst Ligen an hirem Liewenslaf ënner Drock geroden.
Den Ausschlag hat wuel en Interview vun der Katie Zacharia um Trump sengem Liblingssender Fox News ginn. Si huet doran zouginn, datt si no hirem Jurastudium a Kalifornien duerch d'Prüfung, fir Affekot ze ginn, gefall wier. An awer huet sech déi studéiert Juristin jorelaang als Affekotin bezeechent. Hiren Optrëtt war nach méi penibel, well si an der Vergaangenheet selwer bei Fox News als rietsgeriicht Kommentatorin opgetruede war.
D'Zacharia ass no grad emol fënnef Deeg als Spriecherin vum Donald Trump net méi am Amt. Domadder brécht se de Rekord vum fréiere Kommunikatiounsdirekter Anthony Scaramucci am Trump senger éischter Amtszäit. Hien huet no grad emol 11 Deeg am Joer 2017 de Poste misste Raumen. "Rekorder sinn do, fir gebrach ze ginn", huet de Scaramucci d'Entloossung op X kommentéiert.
Den Trump huet antëscht de Medien um Debakel ginn. Si wieren "ganz schlecht" mat senger neier Spriecherin ëmgaangen, sot hien. Dobäi wier déi 41 Joer al Fra e "ganz léiwe Mënsch."
Eréischt de leschte Freideg hat den US-President zu der Nofollgerin vum Karoline Leavitt ernannt, déi Mëtt August aus familiäre Grënn hire Récktrëtt annoncéiert hat. Offiziell hat d'Zacharia e Méindeg hiren neie Posten ugetrueden.
Ma direkt bei hirem éischten Optrëtt viru Journalisten am Wäissen Haus en Dënschdeg war si negativ opgefall. Si hat opfälleg lues eng laang Lëscht mat all deene Saachen, déi den Donald Trump erreecht huet, virgelies. Fir Laachen am Sall hat si gesuergt, wéi si hire Mann de "President" genannt huet. Weider hat een d'Impressioun, datt d'Zacharia schlecht preparéiert war. De Briefing hat emol knapp 14 Minutte gedauert.
Am Internet sinn dono vill Video-Parodie vun hir opgetaucht. Och de Jimmy Kimmel, Moderator vun enger Late-Night-Sendung, huet de Geck mat hir gemaach a gesot, si hätt wéi en iwwerfuerdert Kand um éischten Dag vun der Spillschoul gewierkt.
Den Trump hat d'Zacharia bei hirer Ernennung virun enger Woch als "loyal a brillant Supporterin" beschriwwen. Éier si Spriecherin vum Wäissen Haus gouf, war si Kommunikatiounsberoderin beim Trump senger Medienentreprise, déi d'Plattform Truth Social bedreift.
De President huet iwwer Fox News matgedeelt, datt hien elo net presséiert wier, eng nei Spriecherin z'ernennen. Weider Kommunikatiounsproblemer ka sech den 80 Joer alen Trump aktuell net leeschten. Elo an der Mëtt vu senger Amtszäit gesäit hie sech géintiwwer Ëmfroewäerter, déi am fräie Fall sinn. Bei de Kongresswalen den 3. November kéint senge Republikaner eng schwéier Néierlag droen. Haaptgrond dofir ass d'Onzefriddenheet vu ville Biergerinnen a Bierger wéinst den däitlech méi héije Pëtrols- a Liewensmëttelpräisser wéinst dem Iran-Krich.
"Komplett falsch" huet den Trump andeem en Meldung vu "Politico" bezeechen, datt et a sengem Ëmfeld och Zweiwel u senger Cabinetscheffin Susie Wiles géif ginn. "D'Susie ass hei a si wäert och nach eng laang Zäit bleiwen", esou den US-President.