
Ronn sechs Wochen, nodeems d'Karoline Leavitt vun hirem Posten demissionéiert huet, fir sech ëm hirt Kand, dat si erwaart, kënnen ze këmmeren, huet den US-President Donald Trump eng nei Regierungsspriecherin ernannt. Déi konservativ Kommentatorin Katie Zacharia wäert deemno déi nei Spriecherin vum Wäissen Haus ginn. Dat huet den Donald Trump e Freideg op senger Online-Plattform Truth Social annoncéiert.
D'Zacharia ass aktuell Medieberoderin beim Donald Trump senger Medienentreprise "Trump Media and Technology Group". Donieft trëtt si reegelméisseg als politesch Kommentatorin bei konservativen Tëleeschaînë wéi Fox News oder Newmax op a si schafft fir déi konservativ Organisatioun "Fix California", vum Trump sengem Vertraute Richard Grenell. Am Fréijoer 2026 war si tëschenduerch Spriecherin vum US-Ministère fir Heemechtsschutz, dat wéi de Reoosrt nach vum Kristi Noem geleet gouf.
Déi studéiert Juristin gëllt als trei Ënnerstëtzerin vun der MAGA-Beweegung.