GriichelandQuasi de ganze Fluchverkéier war stonnelaang gestéiert - Flich ginn elo nees eraus an eran

Céline Eischen
Andy Brücker
Technesch Problemer bei der Kommunikatioun hu fir vill Problemer am Fluchverkéier gesuergt.
Lues awer sécher normaliséiert sech d'Situatioun op de griichesche Fluchhäfen.
Just Fligeren, déi aktuell an der Loft sinn, kënne vun de Fluglotse betreit ginn.
© MANUEL ROMANO/NurPhoto via AFP

Wéinst enger Telekommunikatiounsstéierung war praktesch de ganze Fluchverkéier wärend Stonnen a Griicheland ënnerbrach. Den Haaptproblem louch beim zentrale Kommunikatiounssystem vun de Kontrollzenteren am griichesche Loftraum. D’Fluglotse konnten dowéinst net matenee kommunizéieren.

De Fluchraum iwwer Griicheland war um 4. Januar 2026 stonnelaang quasi eidel.
Technesch Problemer bei der Kommunikatioun suerge fir vill Problemer am Fluchverkéier.

Am fréie Mëtteg konnt de regulären Trafic awer nees lues a lues ulafen. E Fluch vun Athen, dee fir 17.25 Auer soll zu Lëtzebuerg landen, war wärend eng gewësser Zäit ugewise ginn, wéi wann en eréischt um 21.59 Auer géif landen. Mëttlerweil steet deen awer nees regulär am Zäitplang. Och de Vol um 18.15 Auer vu Lëtzebuerg op Athen schéint normal kënnen ze starten.

Den Detail vun den Arrivéeën an Departen op www.lux-airport.lu.

Back to Top
CIM LOGO