
Elo fënnef Joer méi spéit ass de Rédoine Faïd genau dowéinst virun engem Geriicht zu Paräis zu 14 Joer Prisong verurteelt ginn. Och eelef presuméiert Mattäter stounge mat viru Geriicht. Dräi arméiert Komplizen haten den 1. Juli 2018 een Helikopter geklaut a sinn domat am Haff vum Prisong zu Réau südëstlech vu Paräis gelant. Do ass de Faïd erageklommen an esou aus dem Prisong erfollegräich ausgebrach. Spéiderhi gouf den Helikopter zu Gonesse fonnt, vum Prisonéier a sengen Hëllefer war deen Ament keng Spuer.

Eréischt dräi Méint no senger Flucht ass hien an der Géigend vu Paräis nees festgeholl ginn. Fir net entdeckt ze ginn, huet hie sech zäitweileg ënnert enger Burka verstoppt.
Schonns 2013 war dem Fransous eng spektakulär Flucht aus engem Prisong gelongen. Hien hat deemools Sprengstoff u fënnef Dieren detonéiere gelooss an hat véier Giischtercher als Geisele geholl.