No MasseprotesterD'Regierung a Bulgarien ass zeréckgetrueden

AFP
No Masseprotester géint Korruptioun ass déi bulgaresch Regierung zeréckgetrueden, wéi de Ministerpresident Scheljaskow no enger Sitzung vun der Koalitiounsspëtzt annoncéiert huet.
Nach Massenprotesten gegen Korruption tritt die bulgarische Regierung zurück. Ministerpräsident Scheljaskow verkündete den Rücktritt nach einer Sitzung der Koalitionsspitzen.
© AFP

A Bulgarien waren rezent zéngdausende Mënschen op d’Strooss gaangen an hu géint Korruptioun an den Haushaltsentworf fir d’nächst Joer demonstréiert. Wéi de Scheljaskow sot, hätte sech “Mënsche vun allen Altersgruppen, ethnescher Zougehéieregkeet a Relioun fir de Récktrëtt agesat.” Dës “zivilgesellschaftlech Energie” misst “ënnerstëtzt a gefërdert” ginn.

E Méindeg lescht Woch war et zu Sofia virum Parlament zu der gréisster Demonstratioun zanter Joren a Bulgarien komm. Ausléiser war de Budgetsprojet vun der Regierung fir 2026, deen de Regierungsgéigner no déi am Land wäit verbreete Korruptioun verschleiert. D’Regierung huet den Entworf doropshin zeréckgezunn, d’Protester hunn domat awer net opgehalen.

No massiven Anti-Korruptiounsprotester am Joer 2020 géint déi deemoleg Regierung vum Ministerpresident Bojko Borissow gouf et schonn scho siwe virgezunnen Neiwalen. Dem Borissow seng Gerb-Partei huet d’Wal d’lescht Joer gewonnen a steet un der Spëtzt vum Scheljaskow senger Koalitiounsregierung, déi elo manner wéi ee Joer duerchgehalen huet.

Am Index zur Korruptioun vun der Organisatioun Transparency International ass Bulgarien nieft Ungarn a Rumänien rezent op der leschter Plaz gelant ënnert den EU-Memberstaaten. Bulgarien trëtt der Eurozon den 1. Januar 2026 bäi. Domat ass den neie Staatsbudget deen éischten, deen an Euro berechent gëtt.

Back to Top
CIM LOGO