
D’Regierunge vu Grönland an Dänemark hu sech wéinst de rezenten Aussoe vum US-President Donald Trump alarméiert gewisen iwwert eng méiglech Annexioun vu Grönland duerch d’USA. “Et geet elo duer”, huet de grönlännesche Regierungschef Jens Frederik Nielsen an der Nuecht op e Méindeg gesot. Déi dänesch Regierungscheffin Mette Frederiksen huet gewarnt, datt mat enger Attack op en NATO-Partner d’USA d’Enn vun der Militärallianz géife besigelen. Den Trump hat jo virdru gesot, datt d’USA sech “a ronn zwee Méint ëm Grönland géife këmmeren”.
“Mir brauche Grönland aus Grënn vun der nationaler Sécherheet an Dänemark wäert net dozou fäeg sinn”, esou den Trump e Sonndeg u Bord vun der Air Force One. “Loosst eis an 20 Deeg iwwer Grönland schwätzen.” An engem Telefonsinterview mam US-Magazin “The Atlantic” huet hie betount: “Mir brauche Grönland onbedéngt. Mir brauchen et fir eis Verdeedegung.”
De grönlännesche Regierungschef Nielsen huet dem Trump seng Menacë zeréckgewisen. “Kee weideren Drock. Keng weider Undeitungen. Keng weider Annexiouns-Fantasien”, huet hien op Facebook geschriwwen. “Mir si oppe fir en Dialog. Mir sinn oppe fir Diskussiounen”, huet hie betount. Dëst misst awer “iwwer déi richteg Kanäl geschéien”. Och d’Vëlkerrecht misst respektéiert ginn, esou den Nielsen weider.
Déi dänesch Ministerpresidentin Frederiksen huet d’USA dozou opgeruff, hir “Menacë géint en historeschen Alliéierten” anzestellen. Et wier “absolut absurd fir ze soen, datt d’Vereenegt Staaten d’Kontroll iwwer Grönland géifen iwwerhuelen”. An engem Interview mam dänesche Sender TV2 huet si e Méindeg virun de Suitte vun enger méiglecher US-Attack op d’Insel Grönland, déi zum NATO-Member Dänemark gehéiert, gewarnt. Sollten d’USA sech zu esou enger Attack decidéieren, “dann ass alles eriwwer”, sot d’Frederiksen. Dës géif d’NATO an domadder och d’Sécherheetsarchitektur nom zweete Weltkrich betreffen. Hir Regierung géif “alles, wat méiglech ass,” maachen, fir “datt dëst net geschitt”.
D’EU verweist och mat Nodrock op “d’Grondsätz vun der nationaler Souveränitéit, der territorialer Integritéit.” D’EU wäert dës “universell” Grondsätz verdeedegen, esou eng Spriecherin vun der EU-Kommissioun. Änlech Téin kommen och aus den Ausseministèrë vu Frankräich an Däitschland, déi béid op d’Vëlkerrecht verweisen. “Grenzen dierfen net mat Gewalt geréckelt ginn”, heescht et vun eisen zwee Noperen. Och Norwegen, Schweden a Finnland hunn annoncéiert, Dänemark ze ënnerstëtzten, wärend Groussbritannien sech änlech äussert wéi Frankräich an Däitschland.
E Samschdeg hat d’Fra vum Stephen Miller, engem wichtege Beroder vum Donald Trump, e Bild vu Grönland an de Faarwe vum US-Fändel gepost, wat fir vill Kritik gesuergt huet. Op hirem X-Account hat d’Katie Miller “SOON”, also “gläich”, ënnert d’Bild geschriwwen.
Géintiwwer dem US-Sender CNN huet de Stephen Miller op d’Fro, ob d’USA eng militäresch Interventioun a Grönland ausschléissen, just mat der Fro geäntwert, op wéi enger Grondlag Grönland eng “Kolonie vun Dänemark” wier. “D’Vereenegt Staate sollte Grönland als Deel vun de Vereenegte Staaten hunn. Et gëtt iwwerhaapt kee Grond, an deem Zesummenhang iwwer eng Militäroperatioun nozedenken oder doriwwer ze schwätzen, wéi Dir et grad gefrot hutt”, esou den Trump-Beroder weider. “Kee wäert wéinst der Zukunft vu Grönland militäresch géint d’USA kämpfen”.
Den Trump hat an de leschte Méint ëmmer nees d’Menacen ausgeschwat, datt d’USA Grönland géifen iwwerhuelen an dobäi och d’Asetze vu Gewalt net ausgeschloss. Rezent huet hie mat dem Ernenne vun engem Spezialemissär fir Grönland op der Insel selwer fir vill Kritik zu Kopenhagen an an der EU gesuergt. Den Trump argumentéiert mat Sécherheetsinteressie vun den USA a verweist op d’Presenz vu Moskau a Peking ronderëm déi geostrategesch gutt placéiert Insel. D’Presenz vun den zwee Länner an der Regioun konnt hie bis ewell awer net beweisen.
D’Deputéiert Aaja Chemnitz, déi Grönland am dänesche Parlament representéiert, wërft dem Trump vir, “Ligen iwwer chineesesch a russesch Krichsschëffer ze verbreeden”. Si huet all d’Awunner vun der Insel opgeruff, sech op “all Zenarie virzebereeden” an d’Aussoe vum Trump iwwer Grönland eescht ze huelen.
Grönland gehéiert zum Kinnekräich Dänemark, ass awer esouwäit autonom. Déi gréissten Insel vun der Welt läit am Nordatlantik an dem arkteschen Ozean tëscht Nordamerika an Europa. Och läit si op der direkter Streck vun enger méiglecher Fluchbunn fir Rakéiten tëscht Russland an den USA.
Awer am Buedem vu Grönland leien och wäertvoll Réistoffer, déi bis ewell kaum genotzt goufen. Duerch Séiweeër, déi wéinst dem Klimawandel nei opgaange sinn, ass de geostrategeschen Interessi un der Arktis vu Säite vun den USA, China a Russland rezent däitlech geklommen.