No Opruff vu Saudi-ArabienEmirater zéie lescht Truppen aus dem Jemen zréck

AFP
Iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
De Konflikt am Jemen tëscht de Krichsparteien, déi jeeweils vu Saudi-Arabien an den Emirater ënnerstëtzt ginn, eskaléiert
© STRINGER/AFP

D’Vereenegt Arabesch Emirater zéien hir lescht Truppen aus dem Jemen zréck. De Verdeedegungsministère vun den Emirater huet en Dënschdeg an enger Matdeelung “d’Opléisung vun den am Jemen verbliwwenen Anti-Terror-Ekippen” annoncéiert a betount, datt Abu Dhabi de Schrëtt “aus eegenem Wëllen” decidéiert hätt. Saudi-Arabien hat d’Emirater virdrun opgeruff, sech bannent 24 Stonnen aus dem Jemen zréckzezéien, nodeems seng Militärunioun virdru presuméiert emiratesch Waffeliwwerunge bombardéiert hat.

Wat war geschitt?

Well Kämpfer vum sougenannte Südlechen Iwwergangsrot (STC), dee vun de Vereenegten Arabeschen Emirater ënnerstëtzt gëtt, weider am Jemen virréckelen, huet de Presidenteconseil den Noutstand ausgeruff an de Sécherheetsaccord mat den Emirater opgekënnegt. Saudi-Arabien huet d’Verhale vun den Emirater als Menace fir déi ganz Regioun bezeechent a se dozou opgeruff, sech bannent 24 Stonnen aus dem Jemen zeréckzezéien. Den Noutstand soll 90 Deeg daueren.

Den STC, u sech selwer Deel vun der international unerkannter, ma ënnert sech gespléckter Regierung am Süde vum Jemen, hat grouss Deeler vun der Regioun Hadramaut an och ugrenzend Gebitter ënner Kontroll bruecht an dobäi rivaliséierend Regierungstruppe verdrängt, déi och islamisteschen Unitéiten nostinn an an der Vergaangenheet vu Saudi-Arabien ënnerstëtzt goufen.

Saudi-Arabien huet jemenittesch Hafestad Mukalla bombardéiert
Als Reaktioun op presuméiert Waffeliwwerungen aus den Emirater fir eng separatistesch Miliz huet Saudi-Arabien d’Hafestad Mukalla bombardéiert.

De Rashad al-Alimi, Chef vum jemenittesche Presidenterot, huet en Dënschdeg den STC opgeruff, seng Gebitter un déi vu Saudi-Arabien ugefouert Militärallianz z’iwwerginn a vun enger “inakzeptabeler Rebellioun” geschwat. D’Militärallianz hat iwwerdeems eng Waffeliwwerung aus den Emirater, déi fir den STC bestëmmt war, ofgefaangen an och den Hafe vu Mukalla bombardéiert. D’Verhale vun den Emirater am Jemen géif eng “Menace fir déi national Sécherheet” vu Saudi-Arabien wéi och fir “d’Sécherheet an d’Stabilitéit vun der Republik Jemen an der Regioun” duerstellen, sou de saudeschen Ausseministère.

D’Emirater missten all hir militäresch Forcë bannent 24 Stonnen aus dem Land ofzéien an “all militäresch oder finanziell Ënnerstëtzung fir iergendeng Säit am Jemen” stoppen.

Den STC wéi och d’Islamiste sinn u sech Deel vun der selwechter Regierung, stinn allerdéngs zanter Joren a staarker Rivalitéit zoueneen. Den STC kämpft dobäi zanter Joerzéngte fir en onofhängege Staat am Südjemen, wéi e scho vun 1967 bis 1990 existéiert huet. Militäresch a politesch gëtt den STC vun de Vereenegten Arabeschen Emirater ënnerstëtzt.

Zanter iwwer 10 Joer besteet am Jemen dann awer och eng gréisser Spléckung tëscht der pro-iranescher Huthi-Miliz am Norden an der gespléckter Regierungsallianz am Süden. Datt d’STC ëmmer méi un Terrain gewënnt suergt fir grouss Ängschte virun engem endgültegen Auserneerappe vun der Regierungsallianz an enger neier méiglecher Ofspléckung vum Süden. Och stinn déi souwisou schonn zéi Friddensverhandlunge mat den Huthi-Rebelle wéinst de bannenzege Kämpf op der Kipp. D’Huthi-Miliz hat 2014 d’Regierung aus der Haaptstad Sanaa verdriwwen, wouropshin déi vu Saudi-Arabien geféiert Militär-Allianz gegrënnt gouf.

Back to Top
CIM LOGO