
“Se musse mat Konsequenzen rechnen, wa se sech net un den Accord halen”. Dat sot den US-President Trump an der Nuecht op en Dënschdeg a Richtung vun der Hamas, nodeems hie sech a Florida mam israeelesche Premier Netanjahu iwwert déi nächst Schrëtt am Friddensplang fir d’Gazasträif ënnerhalen huet. An dësem steet dran, dass d’Hamas hir Waffe misst néierleeën, wat bis ewell net geschitt wär.
Hie géif et net op eng Eskalatioun ukomme loossen, warnt den Trump. D’Hamas kéint en héije Präis bezuelen, wa sech net un dat gehale gëtt, wat ofgemaach wär. Aner Staaten aus der Regioun kéinten agräifen, sou den US-President.
Keng weider Detailer gëtt et dann awer och, wéini sech déi israeelesch Arméi aus Gaza zeréck wäert zéien. Och dat gesäit de Friddensplang nämlech u sech vir. Viru kuerzem hätt ee sech an den Oste vun der Enklav zeréckgezunn, hannert eng sougenannt giel Linn, déi vum israeeleschen Arméi-Chef schonn als déi nei Grenz bezeechent gouf.