10 Schifuerer si vun de Schnéimassen iwwerrannt ginn. Zwou Persoune koumen ëm d’Liewen, dorënner och de Guide. Bei La Plagne, op ronn 2600 Héichtemeter, waren eng 15 Secouristen an zwee Rettungshelikopter op der Plaz. Och wann d’Meteowarnungen deen Dag kee besonnesch héije Risk fir Lawine virausgesot haten, warnt e Secourist um Mikro vun der Noriichtenagence AFP:
“Den Ament ginn et ganz besonnesch Konditiounen. De Wand bléist zanter 10 Deeg permanent an transportéiert domadder och Schnéi, och wann et däers nach net vill gëtt. Dëse Schnéi setzt sech op bestëmmte Plazen of a ka fir Gefore suergen”. Dat zum Beispill wa sech de frësche Schnéi op engem Biergkamm ofsetzt, erkläert de Secouriste weider. Och wann et net vill esou geféierlech Plaze ginn, kéint een awer och als ganz erfuerene Schifuerer iwwerrascht ginn.
Et sollt een dowéinst op jidder Fall just do Schi fueren oder wanderen, wou och designéiert Pisten oder Weeër sinn. Dat géing de Risk an eng Lawine ze geroden och méi kleng maachen.