
Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj hat d'EU-Staats- a Regierungscheffe fir dat nächst Joer ëm 70 Milliarden Euro fir d'Verdeedegung géint Russland gefrot. "De Krich wäert am nächste Joer 155 Milliarden Euro kaschten a mir brauchen vun Iech op d'mannst 70 Milliarden Euro fir eis Verdeedegung", esou de Selenskyj um EU-Sommet zu Bréissel. Hien huet d'Staats- a Regierungscheffe vun der Europäescher Unioun gefrot, dës Ënnerstëtzung méiglech ze maachen.
D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen hat dem Selenskyj schonn um Virmëtteg an Aussiicht gestallt, datt een och iwwer d'Finanzéierungen an d'Hëllefe fir 2027 géif schwätzen. "Am nächste Wanter wäert Russland mat alle Mëttele probéieren, d'Energie- a d'Waasserversuergung ze zerstéieren. Awer mir wäerten Iech ënnerstëtzen, esou wéi mer et an de leschte Wantere gemaach hunn", sot si.
D'EU hat der Ukrain schonn e Kredit an Héicht vun 90 Milliarden Euro fir 2026 an 2027 zougesot an hat am Juni ugefaangen, dës Suen och auszebezuelen.