Perséinlech Andréck aus der Ukrain"Si verdeedegen hiert Land [...] an och eis Fräiheet"

RTL Lëtzebuerg
Den RTL-Journalist Jeannot Ries war rezent eng Woch mam roude Kräiz an der Ukrain. Hien huet eis vu sengen Andréck erzielt.
© Jeannot Ries

D’Rees gouf laang am Viraus geplangt, ma op der Plaz huet ee misse flexibel bleiwen. Fir d’Sécherheet ze garantéieren, huet den Openthalt nämlech ëmmer nees missen ëmorganiséiert ginn.

Konstant goufen de Jeannot Ries an d’Ekipp vum roude Kräiz begleet vu Leit aus der Géigend, déi den Terrain gutt kennen, fir maximal Sécherheet ze garantéieren. Mä wéi huet de Jeannot Ries d’Situatioun op der Plaz erlieft?

Op wat muss een als Journalist am Krichsgebitt oppassen?

Jeannot Ries:“Op wat ee muss oppassen, sinn déi Zonen, déi si “Zone à risque” nennen. Dat ass zum Beispill ronderëm Kiew d’Elektrizitéitszentralen, wou Energie produzéiert gëtt. Dëst sinn nämlech potenziell Ziler vun der russescher Aviatioun. Do sollt ee sech besser net ophalen. Mir hunn zum Beispill an engem Hotel geschlof, dee vum internationale Roude Kräiz approuvéiert war, wou et e Bunker gouf. Wann en Alarm nuets war, wousste mir, mir missten direkt dohigoen. Daagsiwwer ware mir ëmmer op ofgesécherte Parcoursen, wou mir ni a Gefor waren. A mir haten ëmmer Leit dobäi, déi d’Plazen a potenziell Gefore gutt kannt hunn. Dat ass dann natierlech eppes, wou ee sech direkt vill méi “à l’aise” fillt, obwuel et en Territoire ass, wou ëmmer eng Gefor ass, wou och ëmmer eppes kéint geschéien. Mä d’Gefor gëtt op e Minimum reduzéiert.”

© Jeannot Ries

Du hues och Bommenalarmen materlieft, wéi war dat fir dech?

Jeannot Ries: “Den Alarm ass zweemol zu Kiew lassgaangen, wou ech do war. Et ass meeschten nuets tëscht 2 a 6 Auer. Dat ass d’Strategie vun de Russen, fir d’Zivilpopulatioun ze terroriséieren. Wou ech do war, hate mir een Alarm um 2 Auer an een um 4 Auer an der Nuecht. Da geet den Alarm engersäits um Handy, wou si eng ganz performant Applikatioun hunn. Hei gesäit een och zu all Moment live, wou grad Aläerten an der Ukrain sinn. Den Alarm geet awer och am Hotel. Dann huet ee seng Kleeder prett an e Rucksak, wou dat Allerwichtegst dran ass. Et huet een eng Véierelsstonn Zäit sech ze preparéieren a erof an de Schutzraum ze goen. Firwat? D’Applikatioun ass nämlech esou organiséiert, dass soubal eng Rakéit an den ukrainesche Loftraum erageet, den Alarm declenchéiert gëtt. Doduerch huet een e bëssen Zäit, bis d’Aläerte wierklech ka Realitéit ginn.”

De Jeannot Ries a seng Ekipp am Schutzraum.
De Jeannot Ries a seng Ekipp am Schutzraum.
© Jeannot Ries

“Mir haten och ee Bommenalarm, wou d’Aläerte wierklech Realitéit gouf. Do ass d’Aläerte kuerz no 4 Auer ugaangen a géint 6 Auer moies an dunn och eng Bomm zu Kiew ageschloen. Dat heescht, do haten d’Leit quasi zwou Stonnen Zäit, sech a Sécherheet ze bréngen.

De Problem ass, well et sech ëmmer rëm widderhëlt, sinn d’Leit an der Ukrain natierlech midd a ginn net méi all Kéiers an de Schutzraum. Dat kann natierlech fatal sinn.”

Wat huet dech am meeschte markéiert?

Jeannot Ries:“Am meeschte markéiert huet mech eigentlech de Courage, d’Resistenz an de Wëlle vun den Ukrainer duerchzehalen. Si sinn elo zënter iwwer 18 Méint mam Krich konfrontéiert, an awer stieche si de Kapp net an de Sand. Si soen: Mir sinn e staarkt Vollek, mir packen et doduerch.

Si sinn amgaange sech op e Wanter virzebereeden, dee ganz schwéier wäert ginn. Dat ass gewosst, well d’Russe wéi dat Joer virdrun Elektresch- an Energieinfrastrukturen viséiere wäerten, fir den Ukrainer d’Liewen nach méi schwéier ze maachen. Mä si verdeedegen hiert Land, et spiert een, dass si - dat kléngt elo haart -mä bis op déi lescht Drëps Blutt prett sinn, hiert Land ze verdeedegen. Dat muss een honoréieren.

A si verdeedegen eigentlech och ons Fräiheet, well wéi de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn och rezent sot, wann d’Ukrain bis nogëtt, da stinn d’Russe geschwë bei der polnescher Grenz. An da weess een, wat dat bedeit.”

Back to Top
CIM LOGO