
An der Silvesternuecht huet e Feier Deeler vun der 50 Meter héijer Vondelkierch zu Amsterdam zerstéiert. Den Tuerm wier an e Koup gefall an hätt Deeler vum Daach beschiedegt, de Rescht vum Gebai aus dem 19. Joerhonnert wier net weider beschiedegt ginn, sou d’Autoritéiten. D’Ursaach vum Brand ass nach onkloer, et kéint awer sinn, dass Knupperten oder Rakéiten dru Schold sinn.
Der Virsëtzender vun der hollännescher Policegewerkschaft no Nine Kooiman no hätte Police a Rettungsekippe nach ni mat esou vill Gewalt géint sech ze kämpfe gehat. Landeswäit goufen Iwwergrëffer gemellt. Zu Breda hu Leit mat Bensinnsbommen op Poliziste gehäit.

Kuerz no Mëtternuecht haten d’Autoritéiten eng Warnung op d’Handyen erausginn, an där se d’Mënschen dozou opgeruff hunn, déi iwwerlaaschte Servicer just z’alarméieren, wann et wierklech ëm Liewen an Doud géing goen.
Bei Accidenter mat Pyrotechnik sinn an der leschter Nuecht an Holland effektiv zwou Persounen ëm d’Liewe komm. E 17 Joer alen an en 38 Joer ale Mann, dräi weiderer wiere schwéier blesséiert ginn. Eng Klinik zu Rotterdam huet 14 Persoune gemellt, dorënner 10 Mineuren, déi wéinst Blessuren un den Aen hu musse behandelt ginn. Zwee wieren direkt operéiert ginn.

Et war dee leschte Silvester, éiert an Holland e Verbuet vu Knupperten a Rakéiten agefouert wäert ginn. Dowéinst waren nach emol grouss Quantitéite kaaft ginn. Dem nationale Verband vun de Pyrotechniker no hunn d’Hollänner eng Rekordzomm vun 129 Milliounen Euro dofir ausginn.