An ItalienSiwe presuméiert Hamas-Ënnerstëtzer festgeholl ginn

Dany Rasqué
Dräi Associatiounen hate Done gesammelt fir d'Zivilpopulatioun. Dat meeschte Geld soll awer un d'Hamas gefloss sinn.
© BASHAR TALEB/AFP

An Italien si siwe Persoune festgeholl ginn, well se verdächtegt ginn, déi radikalislamesch Palästinenserorganisatioun Hamas ze finanzéieren. Zwou weider Persounen, déi an dësem Zesummenhang verdächtegt ginn, sinn den Ament am Ausland a gi via internationale Mandat d’arrêt gesicht. Déi 9 Leit kréie virgehäit, d’Hamas mat ronn siwe Milliounen Euro ënnerstëtzt ze hunn, heescht et vun der italieenescher Police.

Et wieren dräi Associatiounen an de Fall verwéckelt, déi offiziell palestinensesch Zivilisten ënnerstëtzen. Dat soll awer just en Deckmantel si fir d’Hamas ze finanzéieren. D’Associatiounen hunn Done fir d’palästinensescht Vollek gesammelt, mä vun den italieeneschen Autoritéiten heescht et, méi wéi zwee Drëttel vun deene Sue wiere fir d’Hamas gewiescht.

Back to Top
CIM LOGO