
Südkorea huet als éischt Land mat engem Cargo-Schëff eng kommerziell Hin- a Réckrees an Europa iwwer eng alternativ Schëfffaart-Route duerch d'Arktis ofgeschloss. "D'PanStar Acro" ass no der 50 Deeg laanger Rees nees am Hafe vu Busan am Südoste vum Land ukomm, wéi Medie gemellt hunn.
D'Regierung iwwerpréift den Ament, ob d'Route duerch d'Arktis fir déi kommerziell Schëfffaart gëeegent ass. Seoul wëll de Passage laangfristeg als Handelsroute etabléieren a Busan zu engem internationale Logistikzentrum ausbauen.
D'Route duerch d'Arktis gëtt wéinst dem Schmëlze vum Äis an der Suite vum Klimawandel an d'Konflikter am Noen Osten ëmmer méi interessant fir de Wuerentransport iwwer d'Mier. Gläichzäiteg gëtt et Kritik vu Klimaschützer, well de Schëffstrajet duerch d'Arktis d'Schmëlze vum Äis weider kéint acceleréieren. Ausserdeem géifen d'Schëffer esou d'Rees duerch den Noen Osten evitéieren, allerdéngs misste se dofir laanscht déi russesch Nord-Küst fueren.