
“Béid Säiten eenege sech op eng direkt Wafferou nom Ënnerschreiwe vun der gemeinsamer Erklärung mat Wierkung vun 12 Auer mëttes (Lokalzäit, 6 Auer eiser Zäit) de 27. Dezember 2025", huet et an der Matdeelung vun der Spezialkommissioun fir Grenzfroen vun den zwee Länner geheescht, déi vun der kambodjanescher Säit erausgi gi war.
Den Accord géif fir all Aart vu Waffe gëllen a géif Ugrëff op zivil a militäresch Ziler ëmfaassen, heescht et weider. Béid Säiten hu sech ausserdeem drop gëeenegt, keng Truppe méi ze beweegen an et den Zivilisten, déi an der Grenzregioun wunnen, séier ze erméiglechen, zeréck an hir Heemecht ze goen. D’Erklärung gouf vun de Verdeedegungsministere vu béide Säiten ënnerschriwwen.
De Grenzkonflikt tëscht béide Länner, dee sech elo schonn iwwer Joren zitt, war am Dezember op en neits ausgebrach, wouduerch eng méi al Wafferou gebrach gouf. Offiziellen Zuelen no sinn zanterhier op d’mannst 47 Leit gestuerwen. Ronn eng Millioun Leit goufe verdriwwen.
Virdrun hate sech de Cambodge an Thailand bei engem Treffe vun den Asean-Staaten a Malaysien op weider Friddensbeméiunge gëeenegt. Duerno gouf et dräi Deeg laang Gespréicher tëscht béide Säiten.
Och d’USA, China a Malaysien haten Drock gemaach, d’Friddensgespréicher nees opzehuelen. D’Länner haten no den déidleche Kämpf un der Grenz am Juli eng Wafferou ausgehandelt, déi allerdéngs net laang gehalen hat.