Eelef Mënschen waren u BordTouristeboot virun indoneesescher Küst ënnergaangen - spuenesch Famill vermësst

AFP
Nodeems en Touristeboot virun der Indoneesescher Küst ënnergaangen ass, gëtt elo no enger Famill vu véier Leit aus Spuenien gesicht.
Nach dem Untergang eines Touristenbootes vor der indonesischen Küste wird eine vierköpfige spanische Familie vermisst.
© BASARNAS/AFP

D’Boot mat eelef Mënschen u Bord ass bei staarkem Wellegang virun der Hafestad Labuan Bajo ënnergaangen, déi bei Touriste beléift ass, wéi déi staatlech Noriichtenagence Antara e Samschdeg matgedeelt huet. Siwe Mënschen - dorënner zwee spuenesch Touristen a véier Membere vun der Besatzung - wiere gerett ginn. No der spuenescher Famill gëtt e Samschdeg weider gesicht.

D’Hafenautoritéite vu Labuan Bajo hunn erkläert, d’Touristeboot wier bei stiermeschem Mier mat Welle vu bis zu dräi Meter Héicht ënnergaangen. Duerch déi héich Welle war och d’Sich- a Rettungsaktioun méi schwéier, esou de Chef vun der Hafeverwaltung Stephanus Risdiyanto der Noriichtenagence Antara géigeniwwer.

An engem Video, dee vum nationale Rettungsdéngscht verëffentlecht gi war, war ze gesinn, wéi Secouristen a bloen Uniforme Mënschen - e puer vun hinne buerféiss - aus engem Schlauchboot eraus u Land gehollef hunn. Op anere Biller ware Leit a Rettungswesten an engem Rettungsboot ze gesinn.

Schëffsaccidenter geschéie virun der Küst vun Indonesien mat senge 17.000 Inselen ëmmer nees. Ursaach dofir sinn dacks large Sécherheetsmesüren.

Back to Top
CIM LOGO