Friddensgespréicher a FloridaTrump a Selenskyj beroden iwwer en Enn vum Krich an der Ukrain

AFP
Den US-President Donald Trump an den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj kommen e Sonndeg zu Gespréicher iwwer méiglech Weeër a Richtung vun engem Enn vum Krich beieneen.
US-Präsident Donald Trump und der ukrainische Präsident Wolodymyr Selenskyj kommen am Sonntag zu Gesprächen über Wege zur Beendigung des Ukraine-Kriegs zusammen. Das Treffen findet auf Trumps Privatanwesen Mar-a-Lago im Bundesstaat Florida statt.
© AFP/Archiv

D’Treffe gëtt am Trump senger Residenz Mar-a-Lago a Florida ofgehalen. De Selenskyj wëll dobäi iwwer eng Versioun vum US-Plang fir e Friddensaccord schwätzen, deen nach emol vu Kiew iwwerschafft gouf.

D’USA haten am November een 28-Punkte-Plang virgeluecht, deen a senger éischter Versioun als onheemlech Russlandfrëndlech gegollt huet. Den Text gouf an de leschte Wochen duerch d’Ukrain an déi europäesch Alliéiert iwwerschafft. Kiew an d’Europäer fuerderen ënnert anerem zouverlässeg Sécherheetsgarantië fir d’Ukrain.

Back to Top
CIM LOGO