Decisioun vun "nationalem Interessi"Trump blockéiert per Dekreet weider Sanktioune géint Russland

RTL Lëtzebuerg
Den US-President huet e Gesetz, wat am September decidéiert gi war, elo per Dekreet gestoppt.
Den Donald Trump presentéiert en Dekreet, mat deem hien d'Dieselpräisser wëll nees erofkréien.
Den Donald Trump hat scho virun e puer Deeg en Dekreet ënnerschriwwen, mat deem hien d'Dieselpräisser nees wëll erofkréien.
© WIN MCNAMEE/Getty Images via AFP

Den US-President Donald Trump blockéiert weider Sanktioune géint Russland. Vun e Sonndeg u sollten nei Strofen a Kraaft sinn, ma den Trump huet se per Dekreet gestoppt. Ganz nom Motto "America First", sot hien déi Mesure géif aktuell am nationalen Interêt vun den USA leien.

D'Gesetz, dat am September gestëmmt gi war, hat méi héich Douanestaxen op russesch Importer virgesinn, grad ewéi op Wueren aus Drëttstaaten, déi russesch Energie benotzen. Virop China, Indien an d'Tierkei wäre wuel betraff gewiescht.

Déi méi Russland-frëndlech Approche vum Trump confirméiert sech, nodeems hie schonn annoncéiert hat, Russland géif direkt méi ewéi 300.000 Tonnen Diesel um Weltmaart fir d'USA zur Verfügung stellen. Dofir géife wéi gesot Sanktiounen ausgesat ginn.

Wärend de Gruef tëscht den USA an der Ukrain ëmmer méi grouss gëtt, gouf sech déi lescht zwee Deeg um EU-Sommet zu Bréissel de Kapp zerbrach, wéi der Ukrain weider gehollef ka ginn virun engem héchstwarscheinlech haarde Wanter.

Back to Top
CIM LOGO