
Dem ukrainesche President no hätten d'USA d'Erlabnis ginn, dass d'Ukrain Patriot-Ofwierrakéiten a Lizenz dierfe produzéieren. "Bei eiser leschter Renconter huet de President Trump mir géintiwwer betount, dass hien eng endgülteg Decisioun getraff hätt. D'Ukrain wäert d'Lizenz fir d'Produktioun vu Patriot-Rakéite kréien", sou de Wolodymyr Selenksyj e Freideg an enger geschwater Noriicht u Journalisten.
Selenskyj an Trump hate sech en Dënschdeg um Bord vun der UNO-Generalversammlung zu New York gesinn. Den US-President hat d'Erlabnis fir eng Produktioun am Summer scho mol an Aussiicht gestallt gehat, éiert hie wéineg méi spéit rëm gemengt hat, et misst ee virsiichteg sinn, wiem een déi Erlabnis géing ginn. De Patriot-System spillt eng zentral Roll bei der Protektioun vun ukrainesche Stied an Infrastrukturen.
Den ukrainesche President hat Mëtt August verlaude gelooss, säi Land bräicht op d'mannst 5 Prozent vun den amerikanesche Rakéite-Stocken, fir iwwert den nächste Wanter ze kommen. Fir all d'Rakéiten ofzeschéissen, déi Russland start, wieren 10 Prozent vun den US-Bestänn néideg, sou de Selenskyj.
Och wa Kiew elo d'Erlabnis huet, fir Ofwierrakéiten ze produzéieren, géing dat net den onmëttelbare Bedarf decken. Den Opbau vu Produktiounskapazitéiten an der Ukrain géing méi wéi e Joer laang daueren. Parallel dozou schafft d'Land awer och nach mat internationale Partner un engem eegene Rakéitenofwiersystem.