UN-GeneraldebattRiede vum iranesche President Peseschkian an ukrainesche President Selenskyj erwaart

AFP, iwwersat vun RTL
RTL Lëtzebuerg
Bei de Vereenten Natiounen zu New York gëtt e Mëttwoch d’Generaldebatt mat de Riede vu verschiddene Staats- a Regierungscheffe géint 15 Auer eiser Zäit weidergefouert.
De President Selenskyj bei der UN-Vollversammlung.
De President Selenskyj bei der UN-Vollversammlung.
© SELCUK ACAR/Anadolu via AFP

Als Spriecher ginn ënner anerem den iranesche President Massud Peseschkian an den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj erwaart. Den Optakt mécht de syreschen Iwwergangspresident Ahmed al-Scharaa. Aner Riedner am Laf vum Dag sinn ënnert anerem den argentinesche President Milei an déi venezuelanesch Iwwergangspresidentin Rodriguez.

De President Selenskyj hat sech en Dënschdeg schonns mam US-President Trump gesinn, an huet dono widderholl, dass d’Ukrain weider bereet wier enger partieller Wafferou mat Russland zouzestëmmen - eng wou béid Säiten deem jeeweils anere seng Energie-Anlagen net méi ugräifen. Moskau hat esou eng Propositioun bis ewell refuséiert.

En Dënschdeg hat och den US-President Donald Trump virun den Delegéierte geschwat. Hien huet dobäi säi Wëlle fir séier Friddensofkommes betount, souwuel am Konflikt mam Iran, deen hie mat ausgeléist huet, wéi och am russesche Krich géint d’Ukrain. Vum iranesche President Peseschkian gëtt sech dann och eng Replik erwaart op dat, wat den Donald Trump en Dënschdeg um Riednerpult sot, nämlech dass hien de Choix hätt tëscht Fridden, an den Iran komplett ze vernichten. Deeler vun der iranescher Delegatioun gouf eng Arees an d’USA jo ënnersot.

Ee weidere Schwéierpunkt vun der Generaldebatt sinn d’Risike vun der Kënschtlecher Intelligenz.

Back to Top
CIM LOGO