
Déi opfälleg Plazen op senger Hand solle vum Anhuele vun Aspirin kommen an e klengen Tëmpche wärend ëffentleche Sëtzunge géif hie sech och net leeschten. Den US-President Donald Trump huet op en Neits verséchert, datt hie gesondheetlech fit fir säin Amt wier. “Meng Gesondheet ass perfekt”, sou den 79 Joer ale President an engem Interview mam “Wall Street Journal”, dat en Donneschdeg verëffentlecht gouf.
Iwwert dem Trump säi Gesondheetszoustand gëtt zanter Méint vill spekuléiert. Ee vun de Grënn si Bluttergussen, déi ëmmer nees op senger rietser Hand ze gesi sinn an och seng Knéchel, déi offensichtlech geschwolle sinn. Seng riets Hand war dacks och mat vill Schmink an heiansdo och mat Plooschtere bedeckt. Donieft war de President bei Rendez-vouse virun der Kamera a verschiddene Momenter mat zouenen Aen ze gesinn.
Den Trump selwer huet seng Bluttergëss op der Hand domat erkläert, datt hien all Dag Aspirin fir d’Verdënnung vum Blutt hëlt. “Ech wëll net, datt déckt Blutt duerch mäin Häerz fléisst”, huet hien dem Wall Street Journal gesot.
D’Aspirin hat dem Trump seng Spriecherin Karoline Leavitt schonn am Juli 2025 als Grond fir seng Bluttergëss un der Hand genannt. Als weider Ursaach hat si deemools Reizunge genannt, déi duerch en “heefegen Handschlag” a sengem Alldag entstane wieren. Donieft hat d’Leavitt deemools erkläert, datt den Trump ënnert enger chronescher Vene-Schwächt leide géif, wat awer eng guttaarteg an heefeg Erkrankung bei Mënschen iwwer 70 Joer wier.
Am Interview mam Wall Street Journal huet den Trump elo gesot, hien hätt eemol e Schnëtt an der Hand erlidden, nodeems d’Justizministesch Pam Bondi hie bei enger “High five"-Begréissung mat hirem Rang geschnidden hätt. Hie géif dowéinst Make-Up oder Plooschteren huelen, wa seng Hand “ugeschloe” wier.
Och de Reproche, an der Ëffentlechkeet anzeschlofen, huet hie bestridden. “Ech war ni e grousse Schléifer”. Wann et heiansdo sou ausgesäit, wéi wann en antompe géif, géif hie sech just entspanen. “Ech maachen einfach zou”, huet hie mat Bezuch op seng Ae gesot. “Dat ass fir mech entspanend.”
Den Trump huet säi Virgänger Joe Biden selwer ëmmer rëm als “Sleepy Joe” vernannt a sech trotz dem eegene méi héijen Alter als fitte Contraire duergestallt. De Biden war Ufank 2025 mat 82 Joer de bis elo eelste President an der US-Geschicht. Dëse Rekord wäert den Trump a senger viséierter Amtszäit bis 2029 awer nach toppen.