
Konkreet géing et ëm d’Fro goen, ob Boeing “bei verschiddene 787 Dreamliner-Fliger” déi gefuerdert Inspektioune vun den elektronesche Verbindungen tëscht de Fligelen an dem “Rumpf” richteg gemaach goufen. “D’FAA ermëttelt, ob Boeing d’Inspektiounen ofgeschloss huet an ob Mataarbechter vun der Entreprise Fliger-Rapporte gefälscht hunn”, heescht et an engem Mail vun der FAA vun e Méindeg.
Wéi d’Noriichtenagence AFP matdeelt, wier d’Enquête lancéiert ginn, nodeems Boeing d’FAA doriwwer informéiert hätt, datt déi verlaangt Inspektioune wuel net ganz fäerdeg gemaach gi wieren. Gläichzäiteg géing de Fliger-Produzent all d'787-Maschinne bannent engem sougenannte Produktiounssystem analyséieren.
Bekannt gi wier de Problem, nodeems e Mataarbechter vu Boeing eng “Onreegelméissegkeet” gesinn an dës dem Departementschef matgedeelt hat, deen d’Informatiounen du weiderginn huet.
An de leschte Méint gouf et ëmmer nees technesch Panne bei Boeing-Fliger. De Fligerconstructeur steet ënnert anerem dowéinst immens ënner Drock. Eréischt am Mäerz dëst Joer hat de Boeing-Chef Dave Calhoun säi Récktrëtt fir Enn des Joers matgedeelt. De Chef vum Fliger-Departement, de Stanley Deal, hat mat Effet immédiat gekënnegt.
RTL-News: Enquête lancéiert: Boeing-Whistleblower an den USA dout fonnt
RTL-News: Bei Qualitéitskontrollen: Opsiicht gesäit deels massiv Problemer bei Boeing
RTL-News: Videoe weisen Turbinn a Flamen: Fliger vun Atlas Air huet zu Miami missen noutlanden
RTL-News: Boeing 737 Max 9: Sämtlech Fligeren an den USA a Mexiko bleiwen um Buedem