
De Parquet fir de südleche Bezierk vun New York an den FBI hätten “iwwer eng Millioun weider Dokumenter entdeckt, déi méiglecherweis mam Fall Jeffrey Epstein a Verbindung stoe kéinten”, esou den US-Justizministère e Mëttwoch op X.
D’Affekote géife “ronderëm d’Auer” doru schaffen, d’Dokumenter ze préiwen an déi gesetzlech virgeschriwwen Anonymiséierunge fir de Schutz vun den Affer ze maachen. D’Dokumenter géifen “esou séier wéi méiglech” publizéiert ginn. Dat kéint allerdéngs en vue vum enorme Volume vum Material “nach e puer Wochen daueren”.
Dem Epstein-Transparenz-Gesetz no (Epstein Files Transparency Act, Efta) hätten all d’Epstein-Dokumenter u sech bis den 19. Dezember misse publizéiert ginn. D’Gesetz war am November bal eestëmmeg vum Kongress ugeholl a vum US-President Donald Trump ënnerschriwwe ginn. De Justizministère hat déi Frist allerdéngs net agehalen.
De Vize-Justizminister Todd Blanche huet den Delai mat der Noutwennegkeet begrënnt, d’Identitéit vun den Affer vum Epstein an den Dokumenter ze verstoppen. D’Demokraten, déi an der Oppositioun sinn, geheien der Trump-Regierung vir, d’Gesetz gebrach ze hunn.
De Finanzberoder a Millionär Jeffrey Epstein, dee Connexiounen an déi héchste Kreesser hat, gouf 2019 dout a senger Prisongszell zu New York fonnt. Den Autoritéiten no hat de verurteelte Sexualverbriecher sech suicidéiert. Him war viru sengem Doud virgeworf ginn, iwwer Dausend Fraen a Meedercher mëssbraucht an deels u Prominenter “weidergereecht” ze hunn.
An den Dokumenter, déi zulescht publizéiert goufen, ass ee presuméierte Bréif vum Epstein, an deem hien dem Trump noseet, hie géif gäre “jonk, attraktiv Meedercher” begrapschen. Den US-Justizministère huet d’Schreiwes als “gefälscht” bezeechent an huet virun “onwouere” Behaaptungen iwwert de President gewarnt.
Den Trump selwer hat seng Verwécklung an d’Epstein-Affär viru kuerzem op en neits minimiséiert. “All Mënsch war mat deem Mann befrënnt”, sot hie Journaliste géigeniwwer. Dem Trump senger Duerstellung no hat hie Sträit mat sengem fréieren Noper Epstein kritt, nodeems dee Meedercher a jonk Fraen aus sengem Club zu Mar-a-Lago a Florida rekrutéiert hat.