
Hien deelt a senger Chrëschtusprooch aus. Den US-President huet jidderengem schéi Chrëschtdeeg gewënscht, “och dem Pak vun de radikale Lénken.” Déi wéilten d’USA senger Meenung no zerstéieren, mä si géife versoen. Dat huet den Trump op senger Online-Plattform Truth Social publizéiert.
Hie verbréngt d’Feierdeeg a senger privater Residenz Mar-a-Lago am US-Bundesstaat Florida. Den Trump huet sech och gelueft. Wéinst him géif et “keng oppe Grenze méi, keng Männer am Fraesport, keng Transgender fir jiddereen an keng schwaach strofrechtlech Poursuite”. Dofir awer ënnert anerem “déi niddregst Kriminalitéit zanter Joerzéngten a keng Inflatioun.”
Weider lueft hien och déi ëmstridden Douanestaxen, déi jo ufanks vu senger Legislaturperiod annoncéiert an och ëmgesat goufen. Hie schwätzt vu “Billiounen un Dollar wat de Wuesstem an de Wuelstand betrëfft”. Zum Schluss seet den Donald Trump dann nach, dass een d’USA elo nees géif respektéieren, “villäicht souguer wéi nach ni virdrun”.