
Hien hätt “dës Terroriste virdru gewarnt, datt si deier dofir misste bezuelen, wa si net ophalen, Chrëschten ëmzebréngen. An an dëser Nuecht hu si dofir bezuelt”, esou den Trump op Truth Social. Den nigerianeschen Ausseministère confirméiert “präzis Loftattacken op terroristesch Ziler” duerch d’USA.
De Krichsministère huet “verschidde perfekt Attacken duerchgefouert”, esou den Trump, ouni op Detailer anzegoen. Den US-President huet am selwechte Post an de soziale Medien awer och d’Menace vu weideren Attacken ausgeschwat. “Schéi Chrëschtdeeg u jiddereen, och un déi dout Terroristen, vun deenen et der nach vill méi wäert ginn, wa si weider Chrëschten ofschluechten”, esou den Donald Trump.
Den US-Verdeedegungsministère an den US-Kommando fir Afrika hunn erkläert, bei der Attack am Bundesstaat Sokoto, déi vun den nigerianeschen Autoritéiten ugefrot gouf, wiere “méi IS-Terroriste” gestuerwen. De Pentagon-Chef Pete Hegseth huet op X d’Asazbereetschaft vu sengem Ministère am Nigeria gelueft a betount, hie wier “dankbar fir d’Ënnerstëtzung duerch an d’Kooperatioun mat der nigerianescher Regierung”.
Den nigerianeschen Ausseministère confirméiert “präzis Loftattacken op terroristesch Ziler am Nigeria” duerch d’USA. “Déi nigerianesch Autoritéite schaffe weider am Kader vun enger strukturéierter Sécherheetskooperatioun mat internationale Partner zesummen, dorënner déi Vereenegt Staate vun Amerika, fir déi andauernd Menace duerch Terrorismus a gewalttätegen Extremismus ze begéinen”, esou de Ministère e Freideg de Moien an enger ëffentlecher Deklaratioun
Et handelt sech ëm déi éischt US-Attacken am Nigeria ënnert der Trump-Regierung. Ufank November hat den Trump Nigeria eng éischte Kéier wéinst dem presuméierten Ëmbrénge vu Chrëschte mam Asaz vun der Arméi gedréit. Sollt déi nigerianesch Regierung net géint d’“Ëmbrénge vu Chrëschten” duerch “islamisteschen Terror” virgoen, géif d’US-Regierung all Hëllefe fir dat afrikanescht Land direkt astellen a kéint mat “Gewierer, déi schéissen” amarschéieren, esou den Trump op Truth Social.
Am Nigeria gëtt et vill Konflikter tëscht verschiddenen Ethnien a Populatiounsgruppen, bei deenen esouwuel Chrëschten wéi och Moslemen ëmkommen. Dat populatiounsräichst Land an Afrika ass am grousse Ganzen an e moslemeschen Norden an e chrëschtleche Süden gedeelt.
D’Boko Haram, eng weider dschihadistesch Grupp, déi mam IS konkurréiert, menacéiert zanter iwwer 15 Joer den Nordweste vum Land. Duerch d’Gewalt goufe 40.000 Leit ëmbruecht an zwou Millioune Persoune verdriwwen. Am selwechten Ament sinn am Nordwesten, Norden an am Zentrum vun Nigeria kriminell Banden aktiv, déi Dierfer iwwerfalen an d’Awunner kidnappen oder ëmbréngen.
D’USA hunn Nigeria dëst Joer op d’Lëscht vun deene Länner gesat, an deenen d’Reliounsfräiheet “besonnesch Suerge mécht” a Limitatioune fir d’Arees géint Nigerianer decidéiert. Déi nigerianesch Regierung weist dës Virwërf, datt Mënschen aus reliéiser Motivatioun poursuivéiert ginn, zeréck.