100 Passagéier evakuéiertVéier Blesséierter bei Seelbunn-Accident am Norde vun Italien

AFP
iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
Wéinst engem technesche Feeler ass eng Gondel mat héijer Vitess an eng Biergstatioun an den italieeneschen Alpe gerannt. D'Passagéier souze fir e puer Stonne fest.
Véier Blesséierter bei Seelbunn-Accident am Norde vun Italien
Bei engem Seelbunn-Accident an den italieeneschen Alpe goufen en Dënschdeg véier Persoune liicht blesséiert. Knapp 100 Persoune goufe vum Helikopter evakuéiert

Bei engem Seelbunn-Accident an den italieeneschen Alpe goufen en Dënschdeg véier Persounen, dorënner dräi Passagéier an een Aarbechter, liicht blesséiert. Wéi d’Rettungsekippe matgedeelt hunn, souze ronn honnert Passagéier fir e puer Stonnen an enger Héicht vun 2.800 Meter um Monte-Moro-Pass an der Géigend vun der Schwäizer Grenz fest, nodeems eng Gondel an d’Biergstatioun gerannt war. Wéi eng Spriecherin vum Seelbunn-Bedreiwer gesot huet, wier d’Bunn duerch en “technesche Problem” bei der Afaart an d’Biergstatioun net genuch gebremst ginn an an eng Barrière gerannt.

D’Passagéier konnte réischt e puer Stonnen duerno mam Rettungshelikopter evakuéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO