New YorkVenezuelanesche Staatschef Maduro plädéiert virun US-Geriicht op "net schëlleg"

AFP
RTL Lëtzebuerg
Den Nicolás Maduro huet bei sengem éischte Rendez-vous viru Geriicht d'Uschëllegungen zeréckgewisen. Den RTL-Korrespondent Philip Crowther iwwert seng Andréck a Südamerika.
Der von den USA entmachtete und inhaftierte Staatschef Venezuelas, Maduro, hat vor einem Gericht in New York die gegen ihn erhobenen Anschuldigungen zurückgewiesen. "Ich bin unschuldig, ich bin nicht schuldig", sagte der unter anderem wegen "Verschwörung zum Drogenterrorismus" angeklagte 63-Jährige.
De vun den USA inhaftéierte Staatschef Maduro.
© X account of Rapid Response 47/AFP

De venezuelanesche Staatschef Nicolás Maduro, dee vun den USA deposéiert an inhaftéiert ginn ass, huet e Méindeg bei sengem éischte Rendez-vous viru Geriicht zu New York d’Uschëllegunge géint sech zeréckgewisen. Hie wier onschëlleg a géif sech weiderhin als de legitimme Staatschef vu sengem Land gesinn, esou de Maduro e Méindeg US-Medien no. Den 63 Joer ale Politiker ass ënnert anerem wéinst “Drogenterrorismus” ugeklot. Den nächste Rendez-vous viru Geriicht gouf fir de 17. Mäerz ugesat. Bis dohi bleift de Maduro zu New York inhaftéiert.

“Ech sinn onschëlleg. Ech hu keng Schold”, sot de Maduro e Méindeg de Berichter no am Geriichtssall zu Manhattan. Hie wier vun den USA aus dem Venezuela “entfouert” ginn. “Ech sinn nach ëmmer de President vu mengem Land”, huet hie betount. De laangjärege lénksnationalistesche Staatschef war e Samschdeg wärend engem Asaz vum US-Militär zesumme mat senger Fra Cilia Flores gefaange geholl ginn an an d’USA bruecht ginn. D’Flores huet e Méindeg bei hirem Rendez-vous viru Geriicht och op “net schëlleg” plädéiert.

Dem lénksnationalistesche Staatschef gëtt an der Uklo virgeworf, datt hien “eng korrupt an illegitim Regierung” ugefouert hätt, déi d’Muecht vum Staat genotzt hätt, “illegal Aktivitéiten, virun allem den Drogenhandel, ze schützen an ze fërderen”. Hie gëtt beschëllegt, sech mat Gruppéierungen, déi vu Washington als “terroristesch” agestuuft ginn, zesummegedoen ze hunn, fir “Tonne vu Kokain an d’Vereenegt Staaten ze schmuggelen”.

Nodeems de Maduro festgeholl gi war, ass seng Stellvertriederin Delcy Rodríguez vum Ieweschte Geriicht als Interimspresidentin vu Venezuela ernannt ginn. E Méindeg huet déi 56 Joer al Politikerin virum Parlament hiren Amtseed geschwuer. D’US-Regierung seet sech grondsätzlech bereet, mat hir zesummen ze schaffen, ma huet och massiv Menacë géint si gemaach, sollt si net kooperéieren. Den Trump huet vun der Rodríguez ausserdeem den “totalen Accès” zum Land sengem Pëtrol verlaangt.

D’Rodríguez huet e Sonndeg den Owend iwwerdeems eng éischte Kéier ee Schrëtt a Richtung Washington gemaach. No hirer éischter Cabinetssëtzung sot si, eng “balancéiert a respektvoll” Bezéiung tëscht den USA a Venezuela wier wichteg.

Zu Caracas hunn iwwerdeems eng 2.000 Unhänger vum Maduro géint seng Festnam demonstréiert, dorënner och arméiert Motocyclisten. D’Arméi, déi dem Maduro no stoung an der Rodríguez hir Ënnerstëtzung zougesot huet, huet zur Rou opgeruff.

Am venezuelanesche Parlament hunn d’Deputéiert aus dem Regierungslager e Méindeg iwwerdeems ënnerstëtzend Parolle fir de Maduro geruff. Ënnert hinne war och dem Maduro säi Jong Nicolás Maduro Guerra, deen am Parlament mat Applaus wëllkomm geheescht ginn ass. Och hien huet der Rodríguez seng bedéngungslos Ënnerstëtzung zougesot an huet sech sécher gewisen, datt de Maduro a seng Fra “éischter méi fréi, wéi méi spéit” zeréck a Venezuela kéimen.

Den US-Militärasaz a Venezuela gouf vu Kuba an aneren alliéierte Länner staark kritiséiert. Och Peking, Moskau an Teheran hunn d’US-Aktioun verurteelt. Am UN-Sécherheetsrot sot den UN-Generalsekretär António Guterres am Kader vun enger Drénglechkeetssëtzung, beim US-Asaz wieren “d’Reegele vum Vëlkerrecht” net agehale ginn.

Wat sinn d’Andréck aus der Regioun? Den RTL-Korrespondent Philip Crowther mellt sech aus Kolumbien

Bis ewell ass de politesche Chaos an der Regioun ausbliwwen, mellt den RTL-Korrespondent vun der venezuelanescher Grenz. Och ouni de Maduro géif sech säi Regimm nach ëmmer halen. Dat a weider Andréck fannt Dir hei am Video.

De Philip Crowther vu Cúcuta a Kolumbien
Wat sinn d’Andréck den Ament aus der Regioun ronderëm Venezuela, nodeems de President Maduro an d’USA bruecht gouf?

Back to Top
CIM LOGO