
Wéi den zoustännege Parquet elo matgedeelt huet, konnt de Verdächtegen an den USA festgeholl a kuerz drop och un déi däitsch Autoritéiten ausgeliwwert ginn. Aktuell sëtzt de Mann an Untersuchungshaft.
Dat 63 Joer aalt Affer an de presuméierten Täter waren Aarbechtskolleegen an hu fir eng extern Firma geschafft. D’Affer war um Terrain vun der US-Arméi, well dësen Aarbechten un engem Gebai sollt maachen. Säi Virgesetzten hat hien den 3. August 2024 dout fonnt. Well d’Doudesursaach onkloer war, huet eng Autopsie missten ordonéiert ginn. Heibäi koum eraus, datt de Mann u Suitte vun Gewaltawierkung gestuerwen ass.
De Verdächtege war zum Zäitpunkt vun der Dot 28 Joer al an huet eréischt zwee Deeg bei der Firma geschafft. Den Ermëttlungen no gouf et direkt Spannungen tëscht den zwee Männer. De presuméierten Täter gouf scho kuerz no der Dot verdächtegt, him war et awer gelongen, an d’USA ze flüchten.
Zanter der Ausliwwerung vum Mann huet hien och géintiwwer den Ermëttlungsriichter kee Wuert gesot, esou de Parquet. D’Ermëttlunge wéinst dem Verdacht vun Doudschlag wieren awer nach net ofgeschloss.