DetroitVirsëtzend vu Synagog mat Stéchwonnen dout opfonnt

RTL Lëtzebuerg
Déi grujeleg Decouverte am US-Bundesstaat Michigan gouf net wäit ewech vum Haus vun der Samantha Woll gemaach.
© AFP

Si ass d’Virsëtzend vun der Isaac Agree Downtown Synagoge a gouf e Samschdeg vun de Rettungsekippen dout opfonnt. Si hat direkt e puer Stéchwonnen, heescht et vun der Police. Eng Bluttspuer huet d’Polizisten an d’Haus vun der Fra gefouert, wou d’Dot wuel passéiert ass. D’Motiv ass aktuell nach onkloer, déi lokal Police huet d’FBI ëm Hëllef bei den Ermëttlunge gefrot.

An den USA ginn et ëmmer méi Spannungen tëscht de jiddescher an der muslimescher Communautéit zanter dem Ugrëff vun der Hamas de 7. Oktober op Israel an den israeelesche Revancheugrëffer op de Gazasträif. De Chef vun der Detroiter Police huet d’Populatioun awer elo opgeruff, fir keng ze séier Schlussfolgerungen ze zéien, éier all déi Beweiser, déi een huet, gepréift goufen.

D’Samantha Woll war Member vun der Demokratescher Partei an huet och fir d’Elissa Slotkin, déi am US-Kongress sëtzt geschafft, esou Lokal Medien. Weider war si Member vun enger Organisatioun, déi jonk Moslemen a Judde zesummebréngt.

Back to Top
CIM LOGO