E Joer nom Déifstall am LouvreVu geklaute Bijoue feelt weider all Spuer

RTL Lëtzebuerg
Virun engem Joer goufen am Paräisser Louvre Bijoue vun engem geschate Wäert vun 88 Milliounen Euro geklaut.
88 Milliounen Euro wäert: Weider keng Spuer vun de geklaute Bijouen.
© ANTOINE BOUREAU/Hans Lucas via AFP

Trotz verstäerkte Sécherheetsmoossname feelt vun de Krounbijoue weiderhin all Spuer.

Déi véier presuméiert Täter sëtzen an Haft, ma hir Aussoe si widderspréchlech. Et gëtt spekuléiert, datt d'Bijoue nach a Frankräich sinn oder awer an d'Ausland bruecht goufen.

Nom spektakulären Déifstall goufen d'Sécherheetsmoossname ronderëm d'Apollon-Galerie verstäerkt. Déi iwwereg Bijoue ginn awer virleefeg net méi ausgestallt. Fir si soll en extra gesécherten Ausstellungsraum entstoen.

De Louvre kämpft nieft dem Déifstall och mat Waasserschied, Streiken an technesche Problemer. E Moderniséierungsprojet mam Numm "Louvre Nouvelle Renaissance" soll ronn 1,2 Milliarden Euro kaschten.

Back to Top
CIM LOGO