Et huet zwar zwee Méint gedauert, ma d’Fënster, duerch déi d’Abriecher an de bekannte Musée koumen, ass elo duerch Gitter geschützt. D’Aarbechte goufen en Dënschdeg ofgeschloss. “Et ass eng vun den urgente Mesuren, déi mir nom Abroch decidéiert hunn”, sot de Francis Steinbock, Vize-Generaldirekter vum Musée, en Dënschdeg.
Duerch den Abroch an de Louvre zu Paräis waren eng Rei Mëssstänn beim Musée opgefall an d’Biller vum Abaue vum Gitter virun der Abrochsfënster erënnere staark un de spektakulären Abroch vum 19. Oktober. Deemools waren d’Täter nämlech och mat enger Nacelle op e Balcon um éischte Stack geklommen a vun do aus duerch d’Fënster erakomm.
Bijouen am Wäert vun 88 Milliounen Euro haten déi véier deemools matgoe gelooss, éier si flüchte konnten. Wéi et an engem Rapport vun Experten heescht, hätt eng hallef Minutt gefeelt, fir datt d’Abriecher nach op der Plaz hätte kënne gestallt ginn. D’Dot war zwar vun enger Iwwerwaachungskamera gefilmt ginn, d’Biller awer net live ausgewäert, wéi sech méi spéit erausgestallt hat.
Nieft der Gitterfënster soll e Freideg e mobille Policeposten am Louvre opgoen. “E wäert wärend der ganzer Period vun de Feierdeeg fir d’Enn vum Joer present sinn, souwéi un de Spëtzenzäiten”, heescht et weider vum Francis Steinbock.
Weidere grousse Chantier: D’Kameraiwwerwaachung ronderëm de Palais renforcéieren. “Mir hunn e System mat ronn honnert Kameraen annoncéiert, déi ronderëm de Palais positionéiert solle ginn. De Kontrakt gouf ënnerschriwwen, an d’Installatioun kann am Laf vum Joer 2026 ufänken”, esou nach de Steinbock.