
Dem Paräisser Parquet no wieren zwee weider Männer am Alter vun 38 an 39 Joer an zwou Fraen am Alter vun 31 a 40 Joer am Kader vun den Ermëttlungen zum Déifstall am Louvre festgeholl ginn. Ob ënnert hinnen och de bis ewell nach gesichte véierten Abriecher ass, hunn d’Ermëttler bis ewell nach net matgedeelt.
Beim Abroch den 19. Oktober haten d’Déif Géigestänn am Wäert vu ronn 88 Milliounen Euro a vun “onschätzbarem kulturelle” Wäert geklaut. D’Täter ware matten am Dag mat Hëllef vun enger Aart Nacelle duerch eng Fënster an de weltberüümte Musée agedrongen. Entkomm sinn d’Déif mat de geklaute Saachen iwwer de selwechte Wee, fir sech dann op Scooteren duerch d’Bascht ze maachen.
Déi Verdächteg, déi elo festgeholl goufen, sinn dem Parquet no aus dem Groussraum Paräis. Weider Detailer goufe bis ewell net genannt. Wéinst dem Abroch sëtze schonn dräi Männer am Alter tëscht 34 an 39 Joer an Untersuchungshaft. Nom véierten Abriecher a presuméierten Hannermann gëtt bis ewell nach gesicht.
RTL-News: No Déifstall vu Bijouen: Louvre soll mobille Policeposte kréien
RTL-News: No Iwwerfall op Louvre: 38 Joer al Fra ënner Oploen op fräiem Fouss
RTL-News: Dräi Wochen nom Abroch: Franséische Rechnungshaff kritiséiert Sécherheetsmesuren am Louvre schaarf
RTL-News: Parquet vu Paräis confirméiert: Fënnef weider Persounen a Relatioun mam Louvre-Abroch festgeholl ginn
RTL-News: Iwwerfall op de Musée du Louvre: Zwee Verdächteger goufe festgeholl
RTL-News: Louvre-Déifstall: Schued gëtt op 88 Milliounen Euro geschat, esou de Parquet
RTL-News: “Den Déifstall vum Joerzéngt": Am Louvre ware Profien um Wierk, esou en Expert