Urteel vun US-BundesriichterWäisst Haus muss Sendere CNN, MS NOW a Politico nees Accès ginn

AFP, iwwersat vun RTL
En US-Bundesriichter huet d'Wäisst Haus ugewisen, dat géint Journaliste verhaangent Hausverbuet nees opzehiewen an hinnen hir Accèsen zeréckzeginn.
D'Wäisst Haus zu Washington D.C.
© CELAL GUNES/Anadolu via AFP

Den ouni Virukënnegung decidéierten Entzuch vun den Akkreditéierunge géing dem Riichter Timothy Kelly no "verfassungsméisseg Rechter" verletzen, déi d'Pressefräiheet garantéieren, huet et am Urteel geheescht. Déi dräi betraffe Medienhaiser hate géint d'Hausverbuet geklot.

Den US-President Donald Trump hat e Freideg an engem Bäitrag op senger Onlineplattform Truth Social den Tëleeschaînë CNN an MS Now wéi och dem Noriichte-Site Politico "mat direkter Wierkung" den Zougang zum Wäissen Haus ënnersot. "Aner Medien, déi Falschinformatioune verbreeden, wäerten nokommen", esou d'Menace vum President. Dem Trump no sollen d'Medien dorunner gehënnert ginn "Erfindungen a Ligen ze verbreeden".

Schonn de Weekend goufe Journaliste vun den dräi Medien dorunner gehënnert, d'Wäisst Haus ze betrieden. Vum Verband vun de White-House-Korrespondente gouf d'Decisioun als verfassungswiddreg bezeechent.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO