Trump-RegierungZougang zum Wäissen Haus ass "Privileeg, kee Recht"

RTL Lëtzebuerg
Den US- Justizministère verdeedegt de rezenten Ausschloss vun dräi Medien aus dem Wäissen Haus.
Den US-President hat déi dräi Medien scho laang als "Fake News" bezeechent.
© SAUL LOEB/AFP

An engem neie Geriichtsdokument argumentéiert den US-Justizministère, Journaliste hätten kee Recht op Zougang zum Wäissen Haus, mee dësen Zougang wier e "Privileeg".

CNN, MS Now a Politico goufen de leschte Freideg op Decisioun vum President Donald Trump ausgeschloss. D'Regierung begrënnt dëst ënner anerem domat, datt d'Medien duerch d'Verëffentlechung vu sensibelen oder klassifizéierten Informatiounen eng "Gefor fir d'national Sécherheet" duerstelle géifen.

Trump hat déi dräi Medien als "Fake News" bezeechent a mat weidere Verbueter fir aner Medien gedreet.

Back to Top
CIM LOGO