Vum 6. bis den 9. Juni sinn Europawalen. Da sinn all d’Bierger aus der Europäescher Unioun opgeruff, hir Stëmm ofzeginn an domat am Ganze 720 Europadeputéiert ze wielen. Hei zu Lëtzebuerg hu mer der jo 6.
Déi aktuell Deputéiert hunn am Abrëll hir lescht Sitzung am Parlament. Verschiddener sinn am Juli nees hei, wann e erëm gewielt gëtt. Am Moment muss awer jidderee seng Këschte paken. Zu Stroossbuerg siegéieren d’Deputéiert eemol am Mount, fir iwwert déi europäesch Gesetzgebung ofzestëmmen.
Ee vun de 6 Lëtzebuerger Europadeputéierten ass de Charles Goerens. Hie gehéiert zum liberale Grupp Renew Europe. Gebierteg vu Schieren huet e mëttlerweil 22 Joer Erfarung als Europadeputéierten. Dem Charles Goerens no hunn dës Walen eng grouss Wichtegkeet, wat déi aktuell geopolitesch Spannungen a Krisen ugeet. En ass der Meenung, dass d’Europäesch Unioun eng grouss Roll spillt.
Och fir de Sozial-Demokrat Marc Angel ginn déi 5 Joer als Deputéierten am Parlament sou lues op en Enn. Hie vertrëtt eng Mëtt-Lénks Visioun. Am Januar d’lescht Joer ass de Marc Angel zum Vize-President vum Parlament gewielt ginn. Dës Funktioun behält en, bis sech en neit Parlament fonnt huet.
2019 gouf och d’Monica Semedo an d’Europaparlament gewielt, dat no hirer Karriär als Tëlees-Presentatrice. D’Lëtzebuergerin mat kapverdianeschen Originnen huet 39 Joer an ass zu Gréiwemaacher gebuer. Si ass Member vum politesche Grupp Renew Europe.
Mat 29 Joer ass d’Martine Kemp déi jéngst vun eisen Europadeputéierten. Et ass hiert éischt Mandat, nodeems si de leschten Oktober de Christophe Hansen ersat huet, deen an d’Chamber gewielt gouf. Si ass Member vun der Mëtt-rietser Europäescher Vollekspartei.
Mat 6 Memberen am Parlament huet Lëtzebuerg de Minimum vun Deputéierten. Och aner méi kleng Länner hu 6 Sëtz.
All Mount sinn hei bis zu 10.000 Leit sur Place, wa wärend 4 Deeg am Mount déi parlamentaresch Sessioun zu Stroossbuerg ofgehale gëtt. Hei an der franséischer Stad, net wäit vun der däitscher Grenz ewech ginn et am europäesche Parlament 1133 Büroen.
Dee vun der Europadeputéierter Tilly Metz ass am Beräich, an deem déi Europäesch Gréng sëtzen. D’Lëtzebuergerin, déi sech fir d’Ëmwelt asetzt, huet 6 Joer Erfarung als Europadeputéiert. Si war och vun 2005 bis 2011 Buergermeeschtesch vu Weiler-zum-Tur. Si ass der Meenung, dass och an den nächste 5 Joer d’Debatt ëm d’Klima eng zentral Roll soll spillen.
D’Isabel Wiseler-Lima ass Member vun der Europäescher Vollekspartei. No enger Karriär als Enseignante gouf si viru 5 Joer an d’Parlament gewielt. Zanter leschtem Oktober ass si och Quästor. Dës Roll erlaabt hir et, Mediateur ze sinn tëscht der Presidence vum Parlament, der Administratioun an den Deputéierten.
Déi nächst europäesch Wale sinn an engem Kader vu groussen Tensiounen um europäesche Kontinent mat der russescher Invasioun vun der Ukrain. D’Defense vun der Demokratie gehéiert fir d’Europadeputéiert zu de wichtegsten Themen.
Duerch hire Vott stëmmen déi europäesch Bierger iwwer d’Zukunft vun der Europäescher Unioun of. A wéi eng Valeure sollen an d’Vitrinn gestallt ginn. Decisiounen, déi geholl ginn, fir 448 Milliounen Awunner an der Europäescher Unioun.