SüdkoreaWéinst Streik kréie jonk Dokteren hir Zouloossung ewechgeholl

RTL Lëtzebuerg
Eng 4.900 där Doktere si vun de Mesurë betraff, well se net mat der Gesondheetsreform averstane sinn, wéi se vun der Regierung geplangt ass.

A Südkorea huet een aktuell, wéi op villen anere Plazen op der Welt, e Mangel un Dokteren. Dofir huet d’Regierung ugekënnegt, dass all Joer elo 2.000 Doktere méi sollen ausgebilt gi wéi bis ewell.

Dat stéisst awer op Géigewand, well virun allem déi jonk Doktere sinn der Meenung, dass dat de Problem net léisst. Vill méi misst d’Qualitéit vun der Ausbildung verbessert ginn.

Dofir gi si zanter dem 20. Februar reegelméisseg op d’Strooss fir ze demonstréieren. Dat féiert natierlech zu nach méi Enkpäss an de Spideeler z.B., wou Operatioune musse verréckelt ginn, well net genuch Personal do ass.

D’Regierung hat gewarnt, dass d’Doktere riskéieren hir Zouloossung ze verléieren. Um Méindeg de Moie war et d’Meldung, dass ugefaange gouf, dat bei ronn 4.900 jonken Dokteren ze maachen, déi refuséiere géifen, schaffen ze goen.

Bei der leschter Zielung wiere bal 12.000 sougenannte Junior-Dokteren net an hire Spideeler gewiescht, fir ze schaffen. Dat entsprécht 93% vun de jonken Dokteren. Doropshi krute se eng schrëftlech Verwarnung, wat den éischte Schrëtt zur Suspendéierung war.

Eng 4.900 Junior-Doktere riskéieren elo hir Zouloossung ze verléieren, d’Prozedure sinn ugelaf, heescht et vun der Regierung.

Back to Top
CIM LOGO