World Health Organisation (WHO)Weltwäit 3.500 Doudeger pro Dag duerch Hepatitis-Virus

RTL Lëtzebuerg
Trotz Schutzmesuren a bessere Behandlungsméiglechkeete stierwen nach ëmmer méi wéi 3.000 Mënschen all Dag un Hepatitis B an Hepatitis C.
© afp

Dat geet aus engem WHO-Bericht fir de Welt-Hepatitis-Sommet zu Lissabon raus.

Et géing och alarméierend Tendenze ginn, seet d’Cheffin vun der Abteilung fir den HIV-Virus, den Hepatitis-Virus a sexuell Krankheeten Meg Doherty en Dënschdeg zu Genf. Sou kéint hir no d’Zuel vun den Doudesaffer an nächster Zäit zouhuelen.

Dem Bericht no wier d’Zuel vun den Doudege vum Joer 2019 op d’Joer 2022 vun 1,1 Milliounen op 1,3 Millioune Mënschen eropgaangen. Et misst een dowéinst séier agéieren a besseren Accès fir Tester a Medikamenter garantéieren. Géint d’Hepatitis-Krankheet gëtt et bëlleg sougenannt Genrika-Medikamenter.

Anescht wéi beim Hepatitis A, dee meeschtens duerch dreckeg Liewensmëttel a Waasser iwwerdro gëtt, ginn Hepatitis B a C iwwert Blutt, also Geschlechtsverkéier a Drogekonsum iwwerdroen. Vun den 3.500 Doudesfäll pro Dag ginn 83 Prozent op den Hepatitis B a 17 Prozent op den Hepatits C zeréck.

Schätzungen no liewe weltwäit 254 Millioune Mënsche mat enger Hepatitis B-Infizéierung an ongeféier 50 Millioune Mënsche mat enger Hepatitis C-Infektioun. Zwee Drëttel vun allen Hepatitis-Erkrankunge fënnt een engem WHO-Rapport no an asiatesche wéi afrikanesche Länner. An Afrika mécht den Hepatitis B 63 Prozent vun den Neiinfektiounen aus. Trotzdeem géingen um Kontinent nëmmen 18 Prozent vun den Neigebuerene géint d’Erkrankung geimpft ginn.

D’World Health Organisation kritiséiert an hirem Bericht nach eemol de feelenden Accès zu präiswäerter Medezin, wéi de Generika-Medikamenter. Och betount d’Meg Doherty, dass déi international Communautéit nach wäit fort vun hirem Zil ass, fir am Joer 2024 ee Minimum vun 80 Prozent vun alle Patiente mat chronescher Hepatitis-B - oder -C-Erkrankung ze behandelen.

Hai fannt dir weider Infoe zum Thema

Back to Top
CIM LOGO