Un de Suitte vu Covid-19 gestuerwenWeltwäit antëscht iwwer eng hallef Millioun Doudeger

RTL Lëtzebuerg
Knapps 532.000 wieren et der, de Chiffere vun der Noriichtenagence AFP no, déi sech op déi offiziell Bilane vun de Santésministère baséiert.

Méi wéi 11,3 Milliounen Infektiounsfäll si confirméiert, an dat an 196 Länner an Territoiren. Domadder ass deemno keng Regioun um Planéit vum Virus verschount bliwwen. Ganz uerg ass d’Situatioun weiderhin a Mëttel- a Südamerika. Am Chile beispillsweis gouf de Seuil vun den 10.000 Doudesaffer e Sonndeg den Owend depasséiert.

An den USA ginn et weiderhi knapps 40.000 Neiinfektiounen, ma duerch d’Festivitéite vum amerikaneschen Nationalfeierdag e Samschdeg, gëtt gefaart, dass dee Chiffer am Laf vun den nächsten 10 Deeg weider massiv wäert klammen.

Am Nordwesten vu Spuenien, an der Regioun Galizien, gëllen vun e Méindeg un dann och nees Confinement-Mesuren. Eng 70.000 Awunner si concernéiert, déi hir Regioun net däerfe verloossen an och net méi a Gruppen däerfe beienee kommen.

Ganz héich Infektiounschifferen verbucht op Serbien all Dag, nämlech offiziell iwwer 300. De Gesondheetssystem wier op ville Plazen schonn iwwerfuerdert. Bis de 15. Juli huet Griicheland hir Grenze fir Leit aus Serbien zougemaach. Et gëtt dann och e Spendenopruff vu Leit aus Lëtzebuerg, fir Serbien.

Back to Top
CIM LOGO