
No iwwer 2 Joer Krich registréiert d’ukrainesch Arméi riseg Verloschter an huet Schwieregkeeten, nei Zaldoten ze rekrutéieren. D’ukrainescht Parlament hat dowéinst den 11. Abrëll en neit Mobiliséierungsgesetz ënnerschriwwen. Dëst ass en Dënschdeg a Kraaft getrueden, nodeems de Wolodymyr Selenskyj et ënnerschriwwen huet.
D’Gesetz, dat et der Arméi méi einfach maache soll, nei Zaldoten ze rekrutéieren, ass allerdéngs ëmstridden. Ënner anerem ginn d’Strofe fir Leit verschäerft, déi den Déngscht un der Waff verweigeren. Ausserdeem gëtt en digitale System agefouert, deen d’Prozedur vum Anzéie vun neien Zaldote vereinfache soll. Een Dag éier d’Gesetz gestëmmt gouf, war ausserdeem e Passage gestrach ginn, an deem stoung, dass Zaldoten, déi 36 Méint gedéngt hunn aus der Arméi géifen entlooss ginn.