"Ganz gutt" Telefonsgespréich mat den USAWolodymyr Selenskyj gesäit Fortschrëtter bei de Friddensverhandlungen an der Ukrain

AFP, iwwersat vun RTL
Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet eegenen Aussoen no e "ganz gutt" Telefonsgespréich mam US-Spezial-Beoptraagten Steve Witkoff an dem Beroder vum US-President, dem Jared Kushner gehat.
© ROMAN PILIPEY/AFP

“Mir hunn eng Partie wichteg Detailer vun eiser Aarbecht diskutéiert”, huet de Selenskyj en Donneschdeg matgedeelt. “Et gi gutt Iddien, déi zu engem gemeinsame Resultat an zu engem permanente Fridde bäidroe kënnen”, sou den ukrainesche President weider.

Hien huet dann och dem Witkoff an dem Kushner Merci gesot, fir hire “konstruktiven Usaz, déi intensiv Aarbecht an déi frëndlech Wierder”. Den ukrainesche President betount weider: “Mir schaffe wierklech non-stop drun, d’Enn vum brutale russesche Krich géint d’Ukrain méi no ze bréngen a sécherzestellen, dass all d’Dokumenter a Schrëtt realistesch, wierksam an zouverlässeg sinn”.

Schonn e Mëttouc gouf säitens der ukrainescher Regierung erkläert, dass de jéngsten Entworf vun engem Plang, deen tëscht Washington a Kiew ausgeschafft gouf an d’Enn vum Krich kéint bedeiten, eng Partie Zougeständnesser erreeche kéint. Den 20-Punkte-Plang, dee vum Selenskyj virgestallt gouf, gesäit en Afréiere vun der aktueller Frontlinn vir, bereet awer och de Wee fir den Ofzuch vun den ukrainesche Truppen vir, sou wéi fir entmilitariséiert Zonen.

Moskau reagéiert nach net offiziell op de Friddensplang vun den USA. Den Entworf selwer gëtt vu Russland am Moment gepréift. Aus dem Kreml heescht et awer, datt ee lues awer sécher Fortschrëtter an den Negociatioune gesäit, dat deelt de russeschen Ausseministère mat.

Parallel heescht et awer, datt d’USA sech aktiv géint all westeuropäesch Versich misste wieren, dee Prozess ze “torpedéieren”, sou eng Spriecherin. An Europa war en éischten Entworf vum amerikanesche Friddensplang jo eriwwer komm, ewéi eng Wonschlëscht vu Moskau.

Back to Top
CIM LOGO