Nom Doud vun der 87 Joer ale Maricarmen Abascal, déi kuerz virdrun aus hirer Wunneng erausgeheit gi war, sinn a Spuenien zéngdausende Leit a Gedenken u si op d'Strooss gaangen. En Donneschdeg den Owend gouf an der Haaptstad Madrid e Marsch vun der zentraler Plaz Puerta del Sol bis bei d'Haus vun der Verstuerwener am Quartier Retiro organiséiert.
Bei der Puerta del Sol, wou honnerte Leit e Protestcamp opgeriicht hunn, war eng improviséiert Gedenkplaz mat Käerzen, Blummen a Plakater opgestallt ginn.
"D'Maricarmen wäert zu enger Ikon vum Kampf ginn. Si huet eis wakereg gemaach an dozou bruecht, ze soen 'Et geet duer!'", sot déi 48 Joer al Enseignante an Demonstrantin Rosa Marin der Noriichtenagence AFP. "Mir kënnen dës Situatioun net méi akzeptéieren", betount si mat Bléck op d'Wunnengskris am Land.
"D'Maricarmen war d'Drëps, déi d'Faass zum Iwwerlafe bruecht huet – si huet all dat ausgeléist", sot den Demonstrant Anton Alexander mat Bléck op de Protestcamp an d'Masseprotester an de leschten Deeg. D'Maricarmen wier "e Symbol". Et géing een elo op e Wiessel hoffen.
D'Maricarmen Abascal, déi vun alle Spuenier mat hirem Virnumm genannt gëtt, war e Mëttwoch gestuerwen. D'Pensionärin war no enger Zwangsexpulsioun aus hirer Wunnen den 23. September wéinst Erschëpfung an d'Spidol komm. Hir Zwangsexpulsioun huet landeswäit Masseprotester ausgeléist, ee Protestcamp am Zentrum vu Madrid a schlussendlech d'Annonce vun Neiwalen.