
Wéi d’Police matdeelt wier e Freideg den Owend een Auto an der Steiermark a Brand geroden. Zeien schwätzen vun enger Zort Explosioun. D’Police geet elo vun enger méiglecher Serie vun Attacken op d’Glaawensgemeinschaft aus, well et elo schonn fir drëtte Kéier wier, zanter leschtem Summer, dass bei engem Gefier vun Memberen vun den Zeugen Jehovas eng Bomm explodéiert.
Am August zejoert waren schonn zwou Bommen un Autoen explodéiert, wärend d’Memberen vun den Zeugen Jehovas an enger Gebietsstonn waren.
Donieft gouf Enn Mäerz een Sprengsaz an der Entrée vun engem Versammlungssall vun der Gemeinschaft fonnt an entschäerft.