
De Zohran Mamdani ass offiziell neie Buergermeeschter vun New York. De lénksgeriichten Demokrat a gleewege Moslem huet en Donneschdeg de Moie fréi an enger Metrosstatioun ënnert der Märei, déi net méi genotzt gëtt, säin Eed ofgeluecht. De 34 Joer ale Sozialist wëllt domat seng Verbonnenheet mat der schaffender Populatioun demonstréieren. Déi grouss an ëffentlech Vereedegung wäert de Mëtteg op Neijoerschdag virum Gemengenhaus ofgehalen a vum lénke Senator Bernie Sanders geleet ginn. Et gi sech zéngdausende Leit erwaart.
De Mamdani wëllt d’Liewen an der extrem deierer Weltmetropol méi abordabel maachen. Zum Beispill soll de Loyer vun enger Millioun Wunnengen agefruer ginn. De rietspopulisteschen US-President Donald Trump hat de Mamdani als “Faschist” bezeechent. Mat senge 34 Joer ass hien ee vun de jéngste Buergermeeschtere vun New York.
De Zohran Mamdani am Portrait: