
Zu Kiew kommen um Samschdeg d’Sécherheetsberoder vun den alliéierte Länner vun der Ukrain beieneen, fir iwwer ee méigleche Friddensaccord ze verhandelen. Op der Plaz dobäi si Vertrieder vun enger Rei europäesche Länner, ma och vun der EU, der NATO an den USA, där hir Delegatioun iwwer eng Videokonferenz bäigeschalt ass. D’Reunioun zu Kiew huet d’Zil, de Sommet vun nächster Woch a Frankräich ze preparéieren, wou déi sougenannt Koalitioun vun de Wëllegen, also d’Alliéiert vun der Ukrain, nees zesummen un engem Friddensaccord schaffen.
Gréissten Diskussiounspunkt sinn d’Sécherheetsgarantië fir d’Ukrain: déi géife gebraucht ginn, wann d’Ukrain duerch ee méigleche Friddensaccord op eng NATO-Memberschaft verzicht. Iwwerdeems huet Russland annoncéiert, datt d’Land seng Positioun verhäert: Russland gehäit der Ukrain vir, eng Dronenattack an der Silvesternuecht op eng Privat-Residenz vum russesche President Putin geplangt gehat ze hunn.
D’Ukrain kritt dann och mam Mychajlo Fedorow een neie Verdeedegungsminister: De President Selenskyi huet de 34 joer jonke Fedorow e Freideg ernannt. Dëse gëllt als Dronespezialist.