
Zanter iwwer enger Woch hält et net méi op mat reenen. Eng hallef Millioun Stéit sinn ouni Stroum a proppert Waasser. Donieft gëtt nach mat weiderem Reen gerechent. Och d’Peegele vun de Flëss maachen den Autoritéite Suergen. Aktuell géingen d’Dämm duerch den héije Peegel vum “Rio Grande do sul” extrem belaascht ginn, sou heescht et.
Duerch den extreme Ree beweegt sech och vill Buedem. Iwwerall sinn doduerch Stroosse gespaart a maachen et de Rettungsdéngschter schwéier, fir duerchzekommen. Iwwer 3.000 Zaldoten, Pompjeeën an aner Rettungsleit sinn den Ament am Asaz.