Explosioun bei Staudamm an NorditalienZuel vun Doudesaffer bei Explosioun no uewe korrigéiert

RTL Lëtzebuerg
Bei engem Ongléck an engem Waasserkraaftwierk am Norde vun Italien sinn op d'mannst siwen Aarbechter ëm d'Liewe komm.
© AFP

En Dënschdeg goufen ufanks op d’mannst véier Doudesaffer gemellt. E Mëttwoch gouf net Zuel no uewen op wéinstens siwen Doudeger korrigéiert. Op d’mannst fënnef weider Mënsche goufen iwwerdeems beim Virfall um Staudamm vu Suviana bei Bologna blesséiert, een dovu schwéier, wéi d’AFP mat Recours op Pompjeeë matdeelt.

D’Sich no weiderer Affer ass e Mëttwoch, 18 Stonnen nom Ongléck, nach amgaangen.

Op Fotoen ass Damp ze gesinn, deen aus dem Kraaftwierk kënnt, dat vum italieenesche Stroumproduzent Enel Green Power bedriwwe gëtt. Dem Chef vun de Pompjeeë vu Bologna no wier bis ewell net gewosst, wéi et zu der Explosioun koum. Den Deel, an deem d’Detonatioun war, wier den Ament iwwerschwemmt, wouduerch den Accès verspaart wier.

Enel Green Power huet der Noriichtenagence AFP géigeniwwer erkläert, datt e Feier an engem vun de Bléck vum Waasserkraaftwierk ausgebrach. De Staudamm wier éischten Erkenntnisser no net beschiedegt ginn.

D’Stroumproduktioun gouf nom Virfall ënnerbrach, wat awer keng Konsequenze fir d’Stroumversuergung hat. D’Personal vum Kraaftwierk géing de Sécherheetsvirschrëften no evakuéiert ginn, heescht et vum Bedreiwer.

© AFP

Back to Top
CIM LOGO